🌿 Wëllplanzesom sammele mat ERGO Life 🌿

En Dënschdeg huet d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur fir d’éischte Kéier mat engem Partenaire Some gesammelt. D’Ekipp vun ERGO Life Lëtzebuerg huet eis dobäi gehollef, fir datt dës Some spéider op enger manner aarteräicher Wiss ausgestreet kënne ginn, fir sou d’Biodiversitéit ze fërderen. D’Ekipp war begeeschtert vun der Villfalt un Insektenaarten, déi mer hei begéint hunn, sou z.B. dem Schachbrettfalter.

Op dëser dréchener “Glatthaferwiss”, déi net accessibel ass fir Maschinnen, hu mer manuell ënner anerem Some vun der Schwaarzer Flockenblume, der Ackerwitwenblume, der Bergplatterbse, dem Roude Straussgras an dem Ruchgras gesammelt.

Kuckt hei de Video fir e klengen Abléck: