Uebstzortenausstellungen 2023 – 03.10.-20.10

Och dëst Joer fannen uechter d’Land rëm Sortenausstellunge statt, organiséiert vun der Fondation Hëllef fir d’Natur. Entdeckt déi verschidde lokal Äppel- a Birenzorten a wat een domadder maache kann, sidd bei eisen interessante Virträg derbäi a kommt laanscht mat Ärem Uebst fir et bestëmmen ze loossen.🔍
👉 Am Oktober dréint sech bei der Stëftung alles ëm d’Bongerten! Hei ass de Planning:
▪ 03.10.-06.10. (all Dag vu 14:00-17:00h): Uebstzortenausstellung zu Schwéidsbeng am Mediterrane Gaart mat engem Virtrag um Freideg Owend (18:30h)
▪ 12.10.-13.10.: Uebstzortenausstellung & Bestëmmung am Cactus Wandhaff: Entdeckt verschidden Äppel- a Birenzorten a wéi ee se verwende kann. Donneschdes zwësche 16:00-20:00h kënnt Dir Äert Uebst laanschtbréngen, fir et sur place vun eisem Pomolog bestëmmt ze hunn.
▪ 17.10.-20.10. (all Dag vu 09:00-16:00h): Uebstzortenausstellung am Haus vun der Natur op der Kockelscheier. Mëttwochs tëscht 15:00 & 19:00h kënnt Dir Äert Uebst sur place bestëmme loossen an um 19:00 gëtt et e Virtrag zum Theema « Uebstzortenerhalt zu Lëtzebuerg ».
Kommt bis laanscht a liked eis Facebook-Säit Fondation Hëllef fir d’Natur oder followed eis op Instagram « hellefnatur » fir e ganze Mount mat interessante Publikatiounen zu Bongerten 💚