Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE)

Heimat invitéieren mer Iech ganz häerzlech op déi 5. Editioun vun der Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE Foire) , déi de 26. Mäerz 2024 am Forum Geesseknäppchen ass.

De ganzen Dag iwwer steet den aktiven Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an den ONGen am Vierdergrond, sief et duerch Stänn, déi déi ënnerschiddlechst pedagogesch Offeren an der Nohaltegkeet interaktiv ubidden, duerch zertifiéiert Weiderbildungen, oder awer och Theememomenter, an deenen Erfarungen ausgetosch an nei Impulser fir pedagogesch Projete gesat kënne ginn.

Weider Infos fannt Dir hei: www.bne.lu