World Wetlands Day

Haut um 2. Februar ass World Wetlands Day, en Dag fir iwwer Fiichtgebidder an déi wichteg Rolle vun dësem Ökosystem opzeklären.

An de leschte 50 Joer si 35% vun de weltwäiten natierleche Fiichtgebidder verluere gaangen an zu Lëtzebuerg gesäit et net anescht aus. De Verloscht vu Fiichtgebidder geet Hand an Hand mam Verloscht vun der Biodiversitéit.

🌿 Mouere stelle wichteg Co2-Senken duer.
🌿 Fiichtgebidder reguléieren de Waasserniveau a si wichteg fir d’Héichwaasserpreventioun.
🌿 Iwwer 1 Milliard Mënsche si vu Fiichtgebidder, wéi Mangrovebëscher oder och Räisfelder, ofhängeg.

Ënnerstëtzt eis an eis Missioun vum Erhalt an der Opwäertung vun de Lëtzebuerger Fiichtgebidder. Maacht en Don un d’Fondation Hëllef fir d’Natur andeems Dir de QR-Code scannt oder eng Iwwerweisung maacht:

CCPLLULL

LU89 1111 0789 9941 0000

Comm.: 40Joer/zoneshumides

All d’Donen ginn an den Erhalt vun eise Fiichtgebidder investéiert.