Naturnoen Uebstbamschnëtt

Zesumme mam Michel Frisch vun der Fondation Hëllef fir d’Natur, si mir am Bongert Ditgesbaach, fir ze léieren, wéi een en Uebstbam schneit.

Firwat muss een Uebstbam geschnidde ginn?

Den Uebstbam wéi mir e kennen ass eng Kulturform, déi geziicht gouf, fir méiglechst vill a grouss Friichten ze droen. Fir dat grousst Gewiicht ze packen, gëtt de Bam esou erugeziicht, datt et beschtméiglech verdeelt gëtt.

Wéini schneiden ech?

Geschnidde gëtt am Wanter, also tëschent November a Februar. Esou kann de Bam am Fréijoer all seng Energie notzen fir nei auszeschéissen.

D’Grondprinzippien

Et gi gewësse Grondprinzippien, wéi en Uebstbam erugeziicht soll ginn déi d’Form betreffen awer och d’Schnëttprinzippien. Dës sinn am Video erkläert.

D’Fondation Hëllef fir d’Natur organiséiert de Wanter duerch reegelméisseg Schnëttcourse fir de Public. An dësem Video fannt dir déi wichtegst Infromationen zum Uebstbamschnëtt an en déngt och als Widderhuelung fir all déi, déi ee vun de Schnëttcourse besicht hunn.

(Mir schaffen ausserdeem un enger kuerzer Versioun & enger Versioun mat franséischen Ënnertitelen.)

Bei Froen oder fir weider Informatiounen kënnt Dir Iech beim Michel Frisch mellen per E-Mail: m.frisch@naturemwelt.lu