Wantervullenberéngung

Im Rahmen der Entwicklung des COVID-19 kann es sein, dass verschiedene Veranstaltungen abgesagt wurden. Wir raten Ihnen, sich im Voraus beim Veranstalter der jeweiligen Aktion zu melden. Bitte respektieren Sie auch die von der Regierung vorgegebenen Sicherheitsmaßnahmen.

Du hues nach näischt vir an d er Fuesvakanz?
Perfekt da komm de 19. Februar bei eis op d’Kockelscheier fir e Moien mat eis Villercher ze beréngen. Léier d’Villercher, déi de Wanter iwwer bei eis sinn, besser kennen.

D’Aktivitéit dauert vun 8.00- 12.00 Auer. Do dech dem Wierder entspriechend waarm un!

Wann’s du dobäi wëlls sinn, da mell dech mat (Numm&Virnumm, Adress, Gebuertsdatum an E-mailsadress) iwwert jugend@naturemwelt.lu bei eis un.

  • Treffpunkt: Haus vun der Natur, Kockelscheuer
  • Nächste Haltestelle: Kockelscheuer, Patinoire
  • Organisation: natur&ëmwelt Jugendgrupp