De 15. Januar 2022 fënnt di 3. Editioun vun der Foire BNE am Forum Geesseknäppchen statt.
Fir Enseignanten, Educateuren a Multiplicateure bidde mir:
- Stänn vun den Acteuren am Beräich vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung
- Formatiounen am Kader vum IFEN
Dir sidd interesséiert e Stand oder eng Formatioun op der Foire unzebidden? Da mellt iech op der Adress d.sportelli@plattformbne.lu.