Am Kader vun senger Generalversammlung de Samsten 5te Mäerz am Kulturhaff zu Henkel huet den Iechternacher Beieveräin der Fondation Hëllef fir d’Natur en Don vun 5.000€ iwwerreecht fir hiert Engagement am Naturschutz ze ënnerstëtzen.