Aarteräich Wisen – Produktiounsfläche vu Fudder a Biodiversitéit zugläich

Extensiv genotzten, aarteräich Blummewisen erweisen eis vill verschidden Déngschtleeschtungen, wéi mer Iech letzte virun zwou Wochen scho virgestallt hunn. Dës faarweg Flächen, wou net gedüngt an net gespëtzt gëtt, leeschten ee wichtege Bäitrag zum Biodiversitéits-, Buedem-, Klima- a Waasserschutz, awer virun allem liwweren si och ganz wäertvollt d’Fudder fir d’Béischten.

Eng rezent Studie vun 2021 vum SICONA zesumme mat der Uni Kiel huet gewisen, datt et méiglech ass eng nohalteg an naturschutzgerecht Bewirtschaftung vum Gréngland mat den Ziler vun der Landwirtschaft ze verknäppen. Op Heewisen, déi am Kader vun de sougenannte „Biodiversitéitsprogrammer“ zanter Joren net gedüngt, net gesprëtzt a réischt méi spéit geméint ginn, ass d’Fudderqualitéit vum Hee konstant gutt bliwwen. Duerch déi vill Wisekraider, déi duerch dës Bewirtschaftung gefërdert gi sinn, ass de Protein- an Energiegehalt souguer iwwert d’Zäit an d’Luucht gaangen.

Esou wéi eis Virfaren et iwwert Joerhonnerte gemaach hunn, kënne mir also och dëst héichwäertegt Hee nach ëmmer verfidderen, sief et fir déi grouss Notzdéieren oder déi méi kleng Hausdéieren.

Och wann d’Qualitéit vum Hee konstant bleift, sou geet d’Quantitéit duerch déi ausbleiwend Düngung iwwer vill Joren extensiver Notzung awer och erof. Dowéinst kann de Bewirtschafter vun esou enger aarteräicher Wiss sech am Kader vun den nationale Biodiversitéitsprogrammer finanziell ausgläiche loossen: Fir d‘Engagement méi spéit ze méinen an op Dünger a Pestiziden ze verzichten, gëtt et eng järlech Primm. Dat fanne mir nëmme richteg a plädéieren dobäi fir méi héich Belounungen, well den Erhalt vun der Biodiversitéit kënnt eis all ze gutt!

Déi national Grénglandstrategie zum Erhale vum aarteräiche Gréngland vum Ëmweltministère gesäit nieft dem traditionelle Verfiddere vum Hee och d’Schafung vun neien Ofsazmäert fir Hee an de Produiten, déi aus Hee stamen, vir. natur& ёmwelt Fondation Hellef fir´d Natur an aner Acteuren a Lëtzebuerg schaffen zesummen un der Ëmsetzung vun dëser Strategie. Mir sinn an eise Membersgemengen och d’Uspriechpartner fir d’Biodiversitéitprogrammer – mellt Iech falls der eng Wiss oder Weed hutt, déi der naturschutzgerecht bewirtschaft an dofir subventionéiert wëllt ginn.

Méi Infoen iwwer d’Biodiversitéitsprogrammer fir d’Baurern fannt Dir hei:

https://environnement.public.lu/fr/publications/conserv_nature/Natursch_landwNU.html

D‘aarteräicht Gréngland zeechent sech duerch eng héich Unzuel u Kraider a Grieser aus.

Wisen a Weeden sinn duerch de Mënsch fir d’Produktioun vu Fudder fir d‘Béischte entstan. D’Fläche goufe geméint oder beweed. Och haut mussen dës Fläche bewirtschaft ginn fir dat se eis erhale bleiwen. Wann näischt méi drop geschafft, entsteet lues a lues nees Bësch. Et ass awer wichteg, dass déi aarteräich Wisen a Weeden extensiv, d. h. ouni Düngung a Pestiziden genotzt ginn.

Die national Grénglandstrategie vum Ëmweltministère setzt engersäits op d’Fërderung vum traditionelle Verfiddere vum Hee a sicht och no neien Ofsazmäert fir dat wäertvollt Fudder.

Eng rezent Studie vum SICONA an Zesummenaarbecht mat der Uni Kiel huet bestätegt, datt d’Hee vun aarteräiche Wisen eng ganz gutt Qualitéit huet! Sou wéi eis Virfaren et well Jorhonnerte laang gemeet hunn, kann d’Hee vun de spéit geméinte Wisen gutt direkt verfiddert ginn oder als Komponent an d’Fudderatioun integréiert ginn.

All Bewirtschafter, deen eng aarteräich Wiss naturschutzgerecht notzt, kann sech duerch déi sougenannten „Biodiversitéitsprogrammer“ finanziell ënnerstëtze loossen.