Lancement Aarbeschtsgruppen

Lancement Aarbechtsgruppen

Oflaf:

  • 19.00 – Begréissung an Introduktioun
  • 19.10 – Atelier 1 : 1. Choix vun ärem Aarbechtsgrupp
  • 19.55 – Atelier 2 : Kuerzen Abléck an déi aner 2 Atelieren
  • 20.20 – Atelier 3 : Kuerzen Abléck an déi aner 2 Atelieren
  • 20.40 – Ofschloss a Patt

Et lafen 3 Ateliere gläichzaäiteg, een zu all Aarbechtsgrupp. Am Laf vum Owend kritt dir esou d’Chance zu allen Thematiken eppes bäizedroe bzw. gewuer ze ginn wat déi aner fir Iddien hunn. Um Enn ginn 3 nei Terminer festgeluecht wou sech d’Aarbechtsgruppe gesinn, do kënnt dir iech dann a souvillen Aarbechtsgruppen engagéiere wéi dir wëllt.

3 Aarbechtsgruppen:

  1. Memberschaft: Wat bréngen eis Memberen eis? Virstellung wat mir am Moment bidden. Wéi maache mir eng Memberschaft bei natur&ëmwelt méi attraktiv?
  2. Benevolat bei natur&ëmwelt: interesséiert Leit laangfristeg bannen: Virstellung vun de Profiller vu Benevoller. Wou fënnt een déi Leit? Wéi kënne mir d’Encadrement verbesseren? Wat kënne mir hinne bidden?
  3. Lokal Präsenz an Aktivitéiten: E kloere Jo fir eng lokal Präsenz vun natur&ëmwelt – Wéi kann dës lokal Präsenz an Zukunft ausgesinn? Wéi kënne mer se stäerken an ausbauen an nei Leit ulackelen?

Gitt w.e.g. bei der Umeldung d’Aarbechtsgrupp un, an där dir am léifste géift matschaffen. Umeldung ënnert: secretariat@naturemwelt.lu oder Tel. 29 04 04 -1